Wëllkomm op eiser

Portes ouvertes

Virtuelles

D’Wuert vun der Direktioun

Léif Schüler,
Léif Elteren,

den LMA ass e Lycée, deen Traditioun a Modernismus, Diversitéit an Toleranz kombinéiert. Secondaire Générale- a Secondaire Classique-Klasse kommen zu Lamadelaine zesummen, wärend eis Annex zu Déifferdeng eis Schüler haaptsächlech an der Voie de préparation an an de Classes d’accueil empfänkt.

Zwee grouss, hell a funktionell Gebaier, déi mat allen technesche Feinheeten ausgestatt sinn, erlaben eisem kompetenten an dynamesche Léierpersonal nei Léierkonzepter ëmzesetzen, andeems se op interaktiv Technologien zeréckgräifen, zum Virdeel vum konstruktive Léieren. Dank hirem Engagement bitt eis Schoul eng breet Palett u Coursen un, fir datt all Schüler dee Wee ka goen, deen am beschten zu sengem Profil passt an deen et him erlaabt, sech a beschtméigleche Konditiounen z’entwéckelen an ze forméieren.

Duerch d’Schafen an d’Koordinatioun vu sëllegen edukative Projeten an Ausflich leet den LMA och ausserhalb vum schoulesche Programm grousse Wäert drop, de Schüler mënschlech Wäerter wéi Respekt, Toleranz an Oppenheet ze vermëttelen.

All Joer wärend eiser traditioneller “Portes ouvertes” freet sech d’LMA-Schoulcommunautéit, Iech all d’Facettë vun eiser Schoul ze presentéieren. Well d’Gesondheetskris, déi mir de Moment duerchlafen, et verhënnert, Iech bei eis begréissen ze kënnen, freeë mir eis awer, Iech virtuell am Häerz vum LMA ze empfänken. Är Guiden, Shari a Gabriel, begleeden Iech an dëser virtueller Visitt, a ginn Iech d’Méiglechkeet, Iech mat eiser pädagogescher Offer vertraut ze maachen, a villes méi.
Fir all weider Informatioun, kontaktéiert eis ënnert contact@lyma.lu.

Mir wënschen Iech eng exzellent Visitt,
Bis geschwënn !

Direktioun vum Lycée Mathias Adam

Entdeckt…

E Lycée op zwee Site
D'Haaptgebai vum LMA ass zu Lamadelaine, wärend d'Annex "Jenker" zu Déifferdeng ass. D'Schoul empfänkt ongeféier 2000 Schüler an 250 Enseignanten. Den LMA ass e dynamesche Lycée, deen Klassen op all Niveau vum Enseignement ubitt. D’Schouloffer ass besonnesch diversifizéiert fir déi ënnescht Klassen: Nieft den traditionelle Klassen aus dem klasseschen an allgemengen Secondaire, bitt den LMA Coursen op Franséisch oder Däitsch, franséischsproocheg Coursen an Empfangsklassen un. Zousätzlech schaffen all eis Klassen ab der 7e mam "iPad".

Les vidéos suivantes ont été réalisées dans le respect des mesures sanitaires en vigueur au moment de l’enregistrement. Tous les intervenants ont été testés avant le tournage.

Schoulesch Offer :

D’schoulesch Offer vum LMA ëmfaasst Klasse vum Enseignement secondaire classique, vum Enseignement secondaire général a vun der Formation professionnelle. D’Schüler kënne verschidde Richtungen, Sektiounen oder Formatioune wielen, jee no hiren Interessien an hiren Talenter. Dës vilfälteg Offer erlaabt et de Schüler och sech vill méi einfach nei ze orientéieren, wann dat sech als néideg erweist : well de Lycée Klassen an alle schoulesche Beräicher ubitt, brauch de Schüler de Lycée am Fall vun enger Neiorientéierung net ze wiesselen.
D’schoulesch Offer vum Lycée berücksichtegt och d’sproochlech Kenntnisser vun de Schüler, déi bei eis kommen. Fir dat maachen ze kënnen, organiséiert de Lycée, zousätzlech zu den übleche Klassen, Klassen à régime linguistique spécifique an Insertiounsklassen.
Méi Informatiounen iwwert d’schoulesch Offer vum LMA fannt Dir, wann Dir op d‘Linken hei drënner klickt.

Ënnerstëtzung fir d’Schüler :

Ausserhalb vun de Schoulstonne ginn d’Schüler vum Service socio-éducatif a vum SePas betreit. Dës Ekippe setze sech aus Educateur-graduéen, Psychologen an Assistant-sociallen zesummen.
De Service socio-éducatif intervenéiert am Beräich vun der Preventioun an organiséiert edukativ Aktivitéiten am schouleschen a soziale Beräich, wärend de SePas sech ëm d’Orientéierung këmmert an de Schüler an hire Famillen Hëllef a Rotschléi a schwéiere Situatioune bitt.

Les vidéos suivantes ont été réalisées dans le respect des mesures sanitaires en vigueur au moment de l’enregistrement. Tous les intervenants ont été testés avant le tournage.

D’Liewen am Lycée :

D’Schüler kënnen och bei verschiddene periscolairen Aktivitéiten a Projete matmaachen, déi de Lycée organiséiert. Dës Aktivitéiten decke vill verschidde Beräicher of, ënnert anerem Sport, Musek, Konscht, Benevolat, Pâtisserie, … an nach vill anerer.

Les vidéos suivantes ont été réalisées dans le respect des mesures sanitaires en vigueur au moment de l’enregistrement. Tous les intervenants ont été testés avant le tournage.

D’Liewen am Lycée :

D’Schüler kënnen och bei verschiddene periscolairen Aktivitéiten a Projete matmaachen, déi de Lycée organiséiert. Dës Aktivitéiten decke vill verschidde Beräicher of, ënnert anerem Sport, Musek, Konscht, Benevolat, Pâtisserie, … an nach vill anerer.

Les vidéos suivantes ont été réalisées dans le respect des mesures sanitaires en vigueur au moment de l’enregistrement. Tous les intervenants ont été testés avant le tournage.

E Lycée op zwee Site
D'Haaptgebai vum LMA ass zu Lamadelaine, wärend d'Annex "Jenker" zu Déifferdeng ass. D'Schoul empfänkt ongeféier 2000 Schüler an 250 Enseignanten. Den LMA ass e dynamesche Lycée, deen Klassen op all Niveau vum Enseignement ubitt. D’Schouloffer ass besonnesch diversifizéiert fir déi ënnescht Klassen: Nieft den traditionelle Klassen aus dem klasseschen an allgemengen Secondaire, bitt den LMA Coursen op Franséisch oder Däitsch, franséischsproocheg Coursen an Empfangsklassen un. Zousätzlech schaffen all eis Klassen ab der 7e mam "iPad".

Les vidéos suivantes ont été réalisées dans le respect des mesures sanitaires en vigueur au moment de l’enregistrement. Tous les intervenants ont été testés avant le tournage.

SCHOULESCH OFFER
D’schoulesch Offer vum LMA zu Déifferdenge ëmfaasst Klasse vun der Voie de préparation, wéi och CIP a COP Klassen. D’schoulesch Offer vum Lycée berücksichtegt och d’sproochlech Kenntnisser vun de Schüler, déi bei eis kommen. Fir dat maachen ze kënnen, organiséiert de Lycée, zousätzlech zu den übleche Klassen, Klassen à régime linguistique spécifique an Insertiounsklassen. Méi Informatiounen iwwert d’schoulesch Offer vum LMA fannt Dir, wann Dir op d‘Linken hei drënner klickt.

Les vidéos suivantes ont été réalisées dans le respect des mesures sanitaires en vigueur au moment de l’enregistrement. Tous les intervenants ont été testés avant le tournage.

ËNNERSTËTZUNG FIR D’SCHÜLER
Ausserhalb vun de Schoulstonne ginn d’Schüler vum Service socio-éducatif a vum SePas betreit. Dës Ekippe setze sech aus Educateur-graduéen, Psychologen an Assistant-sociallen zesummen. De Service socio-éducatif intervenéiert am Beräich vun der Präventioun an organiséiert edukativ Aktivitéiten am schouleschen a soziale Beräich, wärend de SePas sech ëm d’Orientéierung këmmert an de Schüler an hire Famillen Hëllef a Rotschléi a schwéiere Situatioune bitt.

Les vidéos suivantes ont été réalisées dans le respect des mesures sanitaires en vigueur au moment de l’enregistrement. Tous les intervenants ont été testés avant le tournage.

OFFRÉIERT AKTIVITÉITEN
D’Schüler kënnen och bei verschiddene periscolairen Aktivitéiten a Projete matmaachen, déi de Lycée organiséiert. Dës Aktivitéiten decke vill verschidde Beräicher of, ënnert anerem Sport, Musek, Konscht, Kachen, Kultur, de “Kompass-Dag” … an nach vill anerer.

Les vidéos suivantes ont été réalisées dans le respect des mesures sanitaires en vigueur au moment de l’enregistrement. Tous les intervenants ont été testés avant le tournage.

F.A.Q

Den LMA bitt vill verschidden Aktivitéiten un, un deenen d’Schüler no hire Coursen deelhuele kënnen. Sproochecoursen (Italieenesch, Spuenesch), Kach- a Bakcoursen, Fotografie- a Gesankscoursen oder och sportlech Aktivitéite si feste Bestanddeel vun der schoulescher Offer vum Lycée.

Jo. D’Schoulreese stelle fir eis e wichtege Bestanddeel vun der Educatioun vun de Jugendlechen, déi eis uvertraut ginn, duer. Duerch d’Reesen an d’Ausflich entwéckele si eng Ouverture d’esprit, Toleranz, Virwëlz, … All Joer gi vum Lycée eng Classe de neige, en Openthalt um Mier an och eng Rees an Éisträich organiséiert. Jee no Demande vun de Schüler gi regelméisseg Ausflich an europäesch Stied wéi Paräis, Berlin, London oder Barcelona organiséiert.

Jo. Den LMA benotzt d’Plattform WebUntis, déi et souwuel de Schüler wéi och den Elteren erlaabt, d’Klassebuch online ze consultéieren. All Schüler kritt e Benotzernumm an e Passwuert fir sech ze connectéieren a kann esou d’Aschreiwungen, wéi beispillsweis d’Hausaufgaben oder d’Prüfungen, kucken.

D’Unzuel u Schüler an de Klassen ass ganz variabel. Am Allgemenge sinn ongeféier tëscht 20 a 24 Schüler an enger Klass. A verschiddene Sektiounen a Formatioune kann dës Zuel awer op 10 Schüler erofgoen. Dëst erlaabt et den Enseignantë besser op all eenzele Schüler anzegoen.

Nee. D’Loune vum IPAD kascht 50 € pro Schouljoer iwwert eng Period vun dräi Joer. No dëser Period hunn d’Elteren d’Méiglechkeet den IPAD ze kafen andeems si zousätzlech 70 € bezuelen.

Den IPAD ass bei der Rentrée 2019-2020 op 7C agefouert ginn.

Jo. All Schüler huet d’Recht eng Case ze reservéieren, déi esou no wéi méiglech bei sengem Klassesall läit.

Jo. D’Plate kënnen am Viraus iwwert d’Internetsäit www.restopolis.lu oder iwwert d’App reservéiert ginn.

  • Ingénierie (GIG)
  • Sciences sociales (GSO)
  • Sciences naturelles (GSN)
  • Professions de santé et professions sociales (GPS)
  • Administration et commerce (GCM)

Jo. Déi hei Formatioune bitt den LMA un :

  • Installateur chauffage-sanitaire
  • Electricien (section francophone)
  • Peintre – décorateur
  • Agent administratif et commercial
  • Conseiller en vente
  • Commis de vente

Kontaktéiert eis

Hutt dir nach zousätzlech Froen ?
Dann zéckt net eis iwwert eisen Kontaktformulaire ze kontaktéieren !